20 Joer Initiativ Freed um Liesen

2

engdier.packshotMëttwoch den 9. November 2016 huet d’Initiativ Freed um Liesen am Auditorium Cité an der Stad hiren zwanzegste Geburtsdaag gefeiert. Déi Initiativ gouf vum Lise a Guy Linster gegrënnt a laang Joren animéiert. Haut ass d’Claudia Schneider-Schoo Presidentin. Sie war och schon vrun 20 Jor dabei, mat enger Equipe vun aktive Mataarbechter, an et muss een déi Initiativ félicitéieren fir hiren Asaaz fir d’Liesen souwuel bei de Kanner wéi bei den Erwuessenen. Besonnesch bekannt ass dat „Buch am Zuch“, wat d’Initiativ dëst Jor fir d’uechtzengt Kéier erausgët a gratis an den Zich mat der Ënnerstëtzung vun CFL verdeelt.

Fir hiren 20. Geburtsdag huet d’Initiativ – wéi sollt et anescht sin – e Buch erausgin. Et heescht „Eng Dier an d’Welt“ an enthält niewend engem Virwuert vum Claudia Schneider-Schoo 33 kurz Texter vu bekannte Perséinlechkeeten aus dem politeschen a kulturellen Liewen iwert hir eege Freed um Liesen zesummen mat Ofbildungen vun Artisten, déi zu Lëtzebuerg schaffen. 143 Seiten huet dat handlecht Bichelchen, fir dat de Mett Hopffmann e flotte Cover gemaacht huet an dat bei der Initiativ selwer gratis ze kréien ass (www.freed-um-liesen.lu).

About the author

FondationRobertKrieps
By FondationRobertKrieps